Home // FLSHASE // News & E... // MercreDYS 2/10 – Wat si Rechestéierungen a wéi kann een se diagnostizéieren?

MercreDYS 2/10 – Wat si Rechestéierungen a wéi kann een se diagnostizéieren?

twitter linkedin facebook google+ email this page
Add to calendar
Speaker: Prof. Dr. Christine Schiltz & Max Greisen, Université du Luxembourg
Event date: Wednesday, 22 March 2017, 17:30 - 19:00
Place: Campus Belval, Maison du Savoir, MSA 3.350

2, Avenue de l'Université
L-4365 Esch-sur-Alzette

 

Wat si Rechestéierungen a wéi kann een se diagnostizéieren?

Zuelen an d’Rechne sinn ouni Zweifel Basiselementer vun eiser mënschlecher Kultur a Gesellschaft. Mä verschidde Kanner bréngen et trotz vill Efforten an der Schoul einfach net richteg fäerdeg fir fléissend rechnen ze léieren. Wann dës Léier-Problemer sech wierklech prinzipiell op Zuelen a Rechne beschränken, schwätze mer vun Dyskalkulie. An dëser Konferenz probéiere mer ze verstoen, wéi et méiglech ass, dass Kanner spezifesch Problemer hu fir Zuelebegrëffer ze verstoen a fir rechnen ze léieren, a mir erklären, wéi een dës Rechestéierungen diagnostizéiere kann.

Christine Schiltz

Fuerscherin a Professer op der Universitéit Lëtzebuerg, erfuerscht an enseignéiert wéi d’mënschlech Kognitioun sech entwéckelt. Si interesséiert sech besonnesch fir d’Fro, wéi d’Zuelebegrëffer bei Kanner an Erwuessener entstinn a wéi d’Gehir dës Prozesser steiert.

Max Greisen

Neuropsycholog a Fuerscher, huet no sengem Studium 2012 ugefaang am psycho-edukative Beräich zu Lëtzebuerg ze schaffen. Hie schafft zënter Januar 2016 als Doktorand a gëtt vum Fonds National de la Recherche Luxembourg (FNR) ennerstëtzt fir eng Method ze entwéckelen, mat där een déi elementar mathematesch Kompetenze vu Kanner kann testen a moossen, ouni sproochlech Instruktiounen ze benotzen.

Le cylce de conférences MecreDYS

Des spécialistes du monde de la recherche et du monde professionnel abordent les troubles de l'apprentissage d'une manière accessible au grand public.

La prochaine date : Le 5 avril 2017

  • Mäi Kand, mäi Schüler, huet Recheschwieregkeeten, wat elo? (Mario Huberty, Anlaufstelle für Pädagogen und Eltern, Luxemburg a.s.b.l. & Dr. Caroline Hornung, Université du Luxembourg)
Data: 20170116_RPE_BRO_AFF_A1_VFDIG9.pdf 1.88 MB