Formation continue "Lëtzebuerger Sprooch a Kultur"
Am
Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises
vun der Universitéit Lëtzebuerg gëtt am Wantersemester 2009 erëm d' Formation continue ‚Lëtzebuergesch als Friemsprooch’ (LaF) ugebueden. An dëser Formatioun gëtt Léierpersonal fir Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener aus- a weidergebilt. An der multikultureller Gesellschaft vu Lëtzebuerg gëtt d’Nofro fir Lëtzebuergeschcoursë fir auslännesch Matbierger an domat och fir qualifizéiert Enseignanten ëmmer méi grouss. D’Bestriewungen, de Status vum Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch ze festegen, verstäerken dës Demande nach méi.
Op dem heite Site sinn Informatiounen iwwert de
Programm
vun der Formatioun (och de virleefege Stonneplang fir d'éischt an d'zweet Semester),
d'Équipe d'Enseignants
an iwwert
Aschreiwung
.
-
Dauer vun der Formatioun
: 1 Joer (2 Semester)
-
Zäit:
freides, tëschent 4 - 6 Stonnen (Volume insgesamt: 120 Stonnen)
-
Viraussetzungen, fir ugeholl ze ginn
: Premièresexamen (BAC), mammesproochlech Kompetenz am Lëtzebuergeschen
-
Kandidatur:
eng schrëftlech Demande. Déi heiten Dokumenter gi verlaangt:
- 1. certifiéiert Kopie vum Premièresdiplom,
- 2. Lettre de Motivation op Lëtzebuergesch, an deer d’Kompetenzen, d’Experienz an d’Virstellungen am Kader vu ‚Lëtzebuergesch als Friemsprooch’ virgestallt ginn,
- 3. evtl. weider Dokumenter (z.B. Universitéitsdiplom, Zwëscheprüfungscertificat, aner Certificaten).
D’Inscriptioun
gëtt iwwert den Internet beim ‚
Service des Études et de la Vie Étudiante
’(SEVE) gemaach (1. Juli - 29. August 2009). Och d’Dossiere mat der Demande mussen un de SEVE geschéckt ginn.
-
Maximum u Kandidaten
: 20
-
Sproochen, an deenen d’Formatioun ofgehale gëtt
: Lëtzebuergesch, Däitsch
-
Ofschloss:
Wann d’Exame mat Succès ofgeschloss gi sinn, gëtt e Certificat ausgestallt.
(aktualiséiert: 11.06.2009)
|