Home // Research // FLSHASE // Education, C... // News & E... // MercreDYS 6/10 - Fërderung bei Lies- a Rechtschreifschwieregkeeten: Beispiller aus der Praxis

MercreDYS 6/10 - Fërderung bei Lies- a Rechtschreifschwieregkeeten: Beispiller aus der Praxis

twitter linkedin facebook google+ email this page
Add to calendar
Speaker: Dr. Sonja Ugen, Université du Luxembourg & Brigitte Keipes, Enseignement fondamental Arrondissement 17
Event date: Wednesday, 24 May 2017, 17:30 - 19:00
Place: Campus Belval, Maison du Savoir, Auditoire 3.540

Wéi weisen sech Lies- a Rechtschreifschwieregkeeten am Schoulalldag a wéi kann een domadder ëmgoen? Mir weisen Iech Beispiller aus der Praxis vu Schrëftproduktiounen a vun Observatioune vu Kanner am Ëmgang mat der Alphabetiséierungssprooch. Unhand vun dëse Praxisbeispiller illustréiere mir, wéi eng Hürden d’Kanner mat Lies- a Rechtschreifschwieregkeeten ze meeschteren hunn. Mir proposéieren Iech eng detailléiert Analys vun dëse Schrëftproduktiounen a Reaktioune vun de Schüler, baséierend op wëssenschaftlech Erkenntnisser aus der Orthophonie an der Psycholinguistik. Mir thematiséieren och phonologesch Bewosstheet als Basiskompetenz, déi sech mam Erléiere vun der Schrëftsprooch weiderentwéckelt. Mir weise Pisten op, wéi een d’Kanner kann ënnerstëtzen a fërdere bei der Weiderentwécklung vun hire Lies- a Schreifkompetenzen.

Sonja Ugen

Entwécklungspsychologin a Fuerscherin am Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) vun der Universitéit Lëtzebuerg. Si intresséiert sech fir d’Entwécklung an d’Léiere vum Liesen a Schreiwen an engem multilinguale Kontext.

Brigitte Keipes

Orthophoniste Multiplicatrice, laangjäreg Beruffserfahrung am Fondamental bei Kanner mat Schwächten am Liesen an am Schreiwen. Aktuell als Beroderin an de Klasse vum Arrondissement 17 engagéiert.