University of Luxembourg
 

Download documents

Documents for download
X
LEAFLET FOR DOWNLOAD
Dépliant vun der Formatioun
Home // Studies // FLSHASE // Formation continue "Lëtzebuerger Sprooch a Kultur"

Study director

Peter Gilles

Contact

Pedro Mendes

Formation continue "Lëtzebuerger Sprooch a Kultur"

Am Labo fir lëtzebuergesch Sprooch a Literatur ( Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises ) vun der Universitéit Lëtzebuerg gëtt och am Wantersemester 2011  erëm d'Formation continue ‚Lëtzebuerger Sprooch a Kultur’ (LSK) ugebueden.

An dëser Formatioun gëtt Léierpersonal fir Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener aus- a weidergebilt. D’Nofro no Lëtzebuergeschcoursë fir auslännesch Matbierger an domat och no qualifizéierten Enseignantë gëtt an der multikultureller Gesellschaft vu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss. D’Bestriewungen, de Status vum Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch ze festegen, verstäerken dës Demande nach méi.

Op dem heite Site sinn Informatiounen iwwert de Programm vun der Formatioun (och de virleefege Stonneplang fir d'éischt an d'zweet Semester), d'Équipe d'Enseignants an iwwert d' Aschreiwung  ze fannen.

  • Dauer vun der Formatioun : 1 Joer (2 Semester)
  • Zäit: freides, tëschent 4 a 6 Stonnen (Volume insgesamt: 120 Stonnen)
  • Viraussetzungen, fir ugeholl ze ginn : Premièresexamen (BAC), mammesproochlech Kompetenz am Lëtzebuergeschen
  • Kandidatur: eng schrëftlech Demande. Déi heiten Dokumenter gi verlaangt:
    • 1. certifiéiert Kopie vum Premièresdiplom,
    • 2. Lettre de Motivation op Lëtzebuergesch, an deer d’Kompetenzen, d’Experienz an d’Virstellungen am Kader vu ‚Lëtzebuergesch als Friemsprooch’ virgestallt ginn,
    • 3. evtl. weider Dokumenter (z.B. Universitéitsdiplom, Zwëscheprüfungscertificat, aner Certificaten).
    D’Inscriptioun   gëtt iwwert den Internet beim ‚ Service des Études et de la Vie Étudiante ’(SEVE) gemaach ( 7. Abrëll - 31. August 2011 ). Och d’Dossiere mat der Demande mussen un de SEVE geschéckt ginn.
  • Maximum u Kandidaten : 20
  • Sproochen, an deenen d’Formatioun ofgehale gëtt : Lëtzebuergesch, Däitsch
  • Ofschloss:  Wann d’Exame mat Succès ofgeschloss gi sinn, gëtt e Certificat ausgestallt.

(aktualiséiert: 28.06.2011, pg)

University Faculties Centres Research Studies Students Contact
Copyright © Université du Luxembourg 2012. All rights reserved
Legal notice