| |||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
|
Formation continue "Lëtzebuerger Sprooch a Kultur"ProgrammDéi inhaltlech Schwéierpunkte leien op linguisteschen, didaktesch-methodeschen a kultur-, literatur- a mediewëssenschaftlechen Aspekter, déi an dräi Moduler organiséiert sinn. Déi eenzel Coursë ginn duerch en Examen ofgeschloss.
Module 1 ‚Sproochstruktur’An deem heite Module gi linguistesch Grondlage fir d’Lëtzebuergescht erschafft. Nieft der Beschäftegung mat de sproochleche Strukture (Phonetik/Phonologie, Schreifweis, Morphologie, Sazbau) steet och dat konkret Erschaffe vun Aarbechtsmaterial am Vierdergrond. Parallel dozou ginn e-Learning-Aktivitéiten ugebueden, an deenen d’Studenten Aufgabe léisen an hire Wëssensstand selbststänneg kënnen erweideren. Module 2 ‚Friemsproochendidaktik’Hei gi friemsproochendidaktesch Theorien a Methoden enseignéiert, déi fir den Erwuessenenunterrecht relevant sinn. Dëse Module leeft iwwer 2 Semesteren a gëtt a Form vu Blockseminären ofgehalen (pro Semester 4 Blockseminäre à fënnef Stonnen). D’Studente schaffen am Laf vum Semester u Projeten, déi si dann am leschte Blockseminär virstellen. Module 3 ‚Kultur/Literatur/ Medien’Dëse Module konzentréiert sech op kulturwëssenschaftlech Aspekter am wäitste Sënn, déi fir dat alldeeglecht Liewen an der Lëtzebuerger Sproochgemeinschaft relevant sinn. D’Beschäftegung mat Literatur a Medien erfollegt ënnert anerem och mat dem Zil, Materialie fir d’Coursen ze beschafen. ___ StonneplangD'Coursë sinn ëmmer freides an daueren tëschent 4 a 6 Stonnen (Volume insgesamt 120 Stonnen). Mëtt September fänken d'Coursë vum Wantersemester un. (aktualiséiert 30.06.2011, cb) 1. Semester
2. Semester
Lescht Aktualiséierung: 30.06.2011, cb (Changementer virbehalen) |
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||