Master en langues, cultures et médias - Lëtzebuerger Studien (académique)
Aschreiwungen
Viraussetzungen
- E Bachelorofschloss an enger Sprooch (z.B. Italienesch, Spuenesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Russesch o.ä.), an der Konscht, de Mediewëssenschaften, der Geschicht oder anere Kulturwëssenschaften
- Vun de Kandidate fir d’Professerscarrière ass e Bachelor an enger Philologie verlaangt.
E Bachelorofschloss bedeit normalerweis BAC+3. Eng Licence oder eng Maîtrise nom franséische System oder e Magister oder e Staatsexamen nom däitsche System gëtt akzeptéiert.Studienofschlëss vun anere Fächer kënnen net akzeptéiert ginn.
Sproochenufuerderungen
Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch (e gudden Deel vun de Coursë gëtt op Lëtzebuergesch gehalen). Passiv Kenntnisser am Englesche sinn néideg (fir d’Fuerschungsliteratur rezipéieren ze kënnen).
Den Dossier
- Universitéitsdiplomer (certifiéiert)
- Relevé de notes
- CV
- Lettre de motivation (op Lëtzebuergesch)
- Kopie vun der Carte d'identité
---
D'Inskriptioun ass méiglech vum 1. Juni bis den 1. September 2012 .
---
> sech aschreiwen: Infoen, Prozeduren an d'Aschreiwungsperioden








