Master en langues, cultures et médias - Lëtzebuerger Studien (académique)
Organisatioun
D’Inhalter vum Master si konkret an dräi Kärberäicher organiséiert:
Sproochwëssenschaften,
Literatur,
Medien- a Kulturwëssenschaften
.
Vum 2. Semester un
ass d’Spezialisatioun op zwee vun deenen dräi thematesche Beräicher virgesinn (Sproochwëssenschaften; Literatur; Medien- a Kulturwëssenschaften).
Am
3. Semester
besicht de Student en Tutorat mam Zil, d’Thema vun der Masteraarbecht auszeschaffen, dat bis zum Enn vum drëtte Semester festgeluecht si muss.
An am
4. Semester
kann tëschent zwou Optiounen entscheet ginn:
- Eng Optioun Recherche (Carrière an der Fuerschung) " schléisst of mat engem wëssenschaftleche Mémoire à 28 ECTS.
- Eng Optioun Kultur (Carrière an de Kulturinstituter oder de Ministèren, de Medien) " schléisst of mat engem praktesche Stage (2 Méint) à 13 ECTS an engem Mémoire à 15 ECTS.
Iwwersiicht iwwer d’Verdeelung vun den ECTS-Punkten (Module)
- Sprooch(en) : 15 resp. 33¹
- Literatur : 15 resp. 33¹
- Mediewëssenschaften : 15 resp. 33¹
- Interdisziplinär Veranstaltung : 4
- Fuerschungsmethoden : 3
- Tutorat : 2
- Stage : - resp. 13¹
- Mémoire : 28 resp. 15¹
- Colloque am Kader vum Mémoire : 2
---
¹ ofhängeg vun der gewielter Optioun








