Continuing education "Luxembourgish language and culture"
Viraussetzungen, fir ugeholl ze ginn, sinn e Premièresexamen (BAC) an eng mammesproochlech Kompetenz am Lëtzebuergeschen.
D’Kandidate mussen eng schrëftlech Demande eraschécke. Déi heiten Dokumenter gi verlaangt:
- Kopie vum Premièresdiplom;
- Lettre de Motivation op Lëtzebuergesch, an där d’Kompetenzen, d’Experienz an d’Virstellungen am Kader vun ‚Lëtzebuergesch als Friemsprooch’ virgestallt ginn;
- evtl. weider Dokumenter (z.B. Universitéitsdiplom, Zwëscheprüfungscertificat, aner Certificaten).
Et gi maximal 15 Kandidaten ugeholl.
D'Aschreiwungen an d'Demande ginn online gemaach.