Documents for download
X
LEAFLET FOR DOWNLOAD
Brochure DE
Brochure FR
exemplarische Kanonliste Germanistik
exemplarische Lyrikliste Germanistik
Our Master degree programmes
Home // Studies // FHSE // Master en Enseignement Secondaire

Master en Enseignement Secondaire

De Master en Enseignement Secondaire bereet d’Student*innen dorop vir, qualifizéiert Enseignante*ën am lëtzebuergesche Schoulsystem ze ginn.

Ee Programm, fir zu Lëtzebuerg ënnerriichten ze kënnen

De Master en Enseignement Secondaire ass a véier Fachberäicher ënnerdeelt:

De Programm riicht sech u Student*innen, déi e Bachelorofschloss an der Germanistik, Romanistik oder Mathematik hunn. Fir Luxemburgistik ze studéieren, ass e Bachelorofschloss an enger Philologie oder enger kulturwëssenschaftlecher Disziplin néideg.

D’Student*inne wäerten hir Kenntnisser an de jeeweilegen Disziplinne verdéiwen an déi néideg Kompetenzen entwéckelen, fir am Secondaire ze enseignéieren.

Fondéiert theoreetesch, praktesch a pedagogesch Kenntnisser opbauen

Nieft de Veranstaltungen an engem vun de véier Fachberäicher, bitt de Masterstudiegang Veranstaltungen an den Erzéiungswëssenschaften, der Bildungssoziologie an der Bildungspsychlogie. Sou bauen d’Student*innen déi néideg Fäegkeeten op, sech den Erausfuerderungen vum Léieren an Enseignéieren an engem multikulturellen a méisproochege Schoulsystem ze stellen.

Dofir läit e besonnesche Fokus vum Masterprogramm op der Méisproochegkeet an der Multikulturalitéit, déi déi spezifesch Léiersituatioun zu Lëtzebuerg ausmaachen.

D’Coursë ginn zesumme mat anere Masterprogrammer vun der Fakultéit fir Geeschteswëssenschaften, Erzéiungswëssenschaften a Sozialwëssenschaften (FHSE) an der Fakultéit fir Naturwëssenschaften, Technologien a Medezin (FSTM): organiséiert:

  • Trinationaler Master in Literatur-, Kultur- und Sprachgeschichte des deutschsprachigen Raums;
  • Master Theaterwissenschaft und Interkulturalität;
  • Master in Management und Coaching im Bildungs- und Sozialwesen;
  • Master in Social Sciences and Educational Sciences;
  • Master in Learning and Communication in Multilingual and Multicultural Contexts;
  • Master in Mathematics.

Beruffsméiglechkeeten

D’Student*inne ginn op e Parcours als Enseignant*e am Secondaire zu Lëtzebuerg virbereet.

D’Absolvent*inne kënne sech ausserdeem an en Doktoratsprogramm aschreiwen, fir en Doktorat an enger Doctoral school vun der Universitéit Lëtzebuerg ze kréien.

 

 

 

Course director

Contact


Kontakt

Ricarda Leidinger 

Study Programme Administrator

ricarda.leidinger@uni.lu

-----------------------------

  • Dauer: 4 Semester (120 ECTS), Vollzäit
  • Aschreiwungsfraisen: 200 € / Semester
  • Sproochen: FR; DE, LU, EN
  • Aschreiwungen: 
    • EU: Februar - August
    • Non-EU: Februar - Abrëll