Documents for download
X
LEAFLET FOR DOWNLOAD
Brochure DE
Brochure FR
exemplarische Kanonliste Germanistik
exemplarische Lyrikliste Germanistik
Our Master degree programmes
Home // Studies // FHSE // Master en En... // 'Schnupperstudium' am Mee 2023

Master en Enseignement Secondaire

Beruffswonsch Proff? Wier dat eppes fir dech?

 

Vum 15. bis den 19. Mee 2023 hues du d’Méiglechkeet, un eise Seminairen a Virliesungen deelzehuelen.

D’Umeldung ass vum 17 Mäerz bis de 6. Mee méiglech ënner dësem Link.

Schonn elo kanns du e Bléck op eise Programm fir de Schnupperstudium geheien:

De Master en Enseignement Secondaire bereet d’Student*innen dorop vir, qualifizéiert Enseignante*ën am lëtzebuergesche Schoulsystem ze ginn. D’Student*inne wäerten hir Kenntnisser an de jeeweilegen Disziplinne verdéiwen an déi néideg Kompetenzen entwéckelen, fir am Secondaire ze enseignéieren.

Nieft de Veranstaltungen an engem vun de véier Fachberäicher, bitt de Masterstudiegang Veranstaltungen an den Erzéiungswëssenschaften, der Bildungssoziologie an der Bildungspsychlogie. Sou bauen d’Student*innen déi néideg Fäegkeeten op, sech den Erausfuerderungen vum Léieren an Enseignéieren an engem multikulturellen a méisproochege Schoulsystem ze stellen.
Dofir läit e besonnesche Fokus vum Masterprogramm op der Méisproochegkeet an der Multikulturalitéit, déi déi spezifesch Léiersituatioun zu Lëtzebuerg ausmaachen.

Virwëtzeg? Da léier de Master en Enseignement Secondaire kennen an entdeck déi verschidde Fachberäicher:

  • Germanistik
  • Romanistik (Franséisch)
  • Luxemburgistik
  • Mathematik

Mir freeën eis op dech!

 

Kontakt: Ricarda Leidinger (ricarda.leidinger@uni.lu)

Schnupperstudium 2023_LU

Schnupperstudium 2023_DE MATH

Banc_d'essai 2023_FR_MATH