Bachelor en Cultures Européennes - Lëtzebuerger Linguistik a Literatur
About Our ProgrammeThe programme Luxembourgish Linguistics and Literature is one of the disciplinary specialisations of the Bachelor en Cultures Européennes. The program offers a wide variety of courses, covering language structures, language history and policies as well as the history of multilingual Luxembourgish literature, its aesthetic processes and mediation structures, engaging students in theoretical and methodological reflection. Didactic courses in language and literature offer a preparation for internships in schools and/or cultural institutions. The standard period of study is six semesters with a mandatory mobility semester in the 5th
semester. Very good knowledge of Luxembourgish (C1) and good language skills in English, French and German (B2) are required.
This content is available in Luxembourgish below.
Kandidatur an Aschreiwung
WICHTEG: Déi nei Aschreiwungsdaten fir de Bachelor en Cultures Européennes – Lëtzebuerger Linguistik a Literatur 2023-24 sinn hei ënnen ugekënnegt.
|
Délai fir d'Aschreiwung
01/02-25/07/2023
|
Eropluede vum Dossier
01/08/2023
|
Äntwert
Um Enn vun all Mount.
|
+ Informatiounen
Learning Outcomes :
- Acquire in-depth knowledge in Luxembourgish linguistics, specifically grammar, orthography, morphology, syntax and sociolinguistics
- Acquire in-depth knowledge in Luxembourgish literature in Luxembourgish, English, French and German
- Working independently with texts, corpora and sources and carrying out academic and professional projects
- Apply theoretical and methodological knowledge and write coherent arguments about language, literature and culture
- Identify the role of language and literary practices in relation to social and cultural challenge
Transversal skills :
- Apply autonomously acquired didactic knowledge to the teaching of Luxembourgish
- Apply and develop strategies for mediating knowledge related to Luxembourg culture in their career in cultural institutions and Luxembourgish media
- Apply their critical and analytical skills to any complex context or situation
Career opportunities :
- Access to Master’s programmes in the Humanities at the University of Luxembourg and abroad
- Access to the Master in Science de l’Education – Filière langue et littérature luxembourgeoises at the University of Luxembourg
- Luxembourgish language teacher at private language schools
- Variety of careers in Luxembourgish media, journalism as well as cultural agencies and administrations
Lëtzebuergesch Versioun
|
D’Formatioun Lëtzebuerger Linguistik a Literatur ass eng vun den disziplinäre Spezialisatioune vum BCE (Bachelor en Cultures Européennes) Programm a gëtt fir d'Wantersemester 2022 fir déi éischte Kéier agefouert. De Programm bitt eng räich Villfalt u Coursen un, iwwer Sproochstrukturen, -geschicht a -politik grad wéi iwwer d’Geschicht vun der méisproocheger Literatur, hir ästhetesch Prozesser a Vermëttlungsstrukturen. Dobäi ginn d’Studenten an d’Studentinnen an Iwwerleeungen iwwer theoreetesch a methodologesch Approchen agebonnen. Spezifesch fir de Studiegang ass och e sprooch- a literaturdidaktesche Volet souwéi Stagen am Enseignement an/oder a kulturellen Institutiounen. Déi regulär Studienzäit ass 6 Semester mat engem obligatoreschen Auslandssemester am 5. Semester. Viraussetzung fir de Studium an der Luxemburgistik ass eng exzellent Maîtrise vum Lëtzebuergeschen (C1) a gutt Sproochkentnisser am Däitschen, am Franséischen an am Engleschen (B2).
Léierresultater :
- Opweise vu Fachwëssen an der Lëtzebuerger Linguistik, virun allem Grammaire, Orthografie, Morphologie, Syntax, Variatiounslinguistik a Soziolinguistik
- Opweise vu Fachwëssen iwwert d’Lëtzebuerger Literatur op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch
- Eegestännegt Schaffen op Texter, Korpora a Quellen a realiséiere vun akadeemeschen a professionelle Projeten
- Uwende vun theoreeteschem Wëssen a Methoden a Formuléiere vu kohärenten Argumentatiounen iwwert d’Sprooch, d’Literatur an d’Kultur
- Evaluéiere vun der Roll vu sproochlechen a literaresche Praktiken an hir sozial a kulturell Enjeuen.
Transversal Kompetenzen :
- Uwenne vun autonom erschafftem didakteschem Wëssen an der Virbereedung op eng spéider Aktivitéit als Sproochenseignant
- Entwéckelen a praktesch Uwendung vu Strategië fir d‘Vermëttlung vu Wëssen iwwert d’Lëtzebuerger Kultur an Aktivitéiten an de Kulturinstituter an an de Medien
- Uwenne vu kritesch-analytesche Kompetenzen a methodesch Fäegkeeten op nei Beräicher.
Debouchéeën :
- Accès zu geeschteswëssenschaftleche Masterformatiounen op der Uni Lëtzebuerg an am Ausland
- Accès zum Master en Enseignement Secondaire – Filière langue et littératures luxembourgeoises op der Uni Lëtzebuerg
- Sproochenseignant a private Sproocheschoulen
- Journalismus a Medien, Kulturberäich an Ëffentlechkeetsaarbecht
|
|
|
|