Formation continue "Lëtzebuerger Sprooch a Kultur"> Sproochen, an deenen d’Formatioun ofgehale gëtt: Lëtzebuergesch, Däitsch Lëtzebuerg ass eng méisproocheg a multikulturell Gesellschaft, an där vill Sproochen niewenteneen existéieren. D‘Lëtzebuergescht kritt awer dobäi ëmmer méi eng grouss Roll als Integratiounssprooch. D’Nofro no Lëtzebuergeschcoursë an no qualifizéierten Enseignantë gëtt méi grouss. D'Formatioun riicht sech un all déi, déi sech gären als Enseignant(e) fir Lëtzebuergesch an der Erwuessenebildung aus- oder weiderbilde loossen. Viraussetzungen, fir ugeholl ze ginn, sinn e Premièresexamen (BAC) an eng mammesproochlech Kompetenz am Lëtzebuergeschen. Wei sinn d'Coursen organiséiert?
Iwwersiicht iwwert de Contenu An der Formation continue 'Lëtzebuerger Sprooch a Kultur' gëtt Léierpersonal aus- a weidergebilt, fir Coursen am Beräich „Lëtzebuergesch als Friemsprooch“ fir Erwuessener ze halen. Hei sti friemsproochendidaktesch Theorien a Methoden, Ausschaffe vun Unterrechtsmaterialien, d’Sproochstruktur vum Lëtzebuergeschen, souwéi eng Aféierung an d’Lëtzebuerger Literatur a Kultur um Programm. Module 1: Sproochsituatioun a Struktur vum Lëtzebuergeschen: An deem heite Module gi linguistesch Grondlage fir d’Lëtzebuergescht erschafft. D‘Beschäftegung mat de sproochleche Strukturen (Phonetik/Phonologie, Schreifweis, Morphologie, Sazbau) steet am Vierdergrond. (50 Unitéiten, 10 ECTS) Module 3: Friemsproochendidaktik: Dëse Module riicht sech nëmmen un d’Studente vun der Filière „Lëtzebuergesch als Friemsprooch“. Hei gi friemsproochendidaktesch Theorien a Methoden enseignéiert, déi fir den Erwuessenenunterrecht relevant sinn. Dobäi gëtt de Lien zur Praxis an zur spezifescher Situatioun fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch gemaach. (60 Unitéiten, 14 ECTS) Module 2: Literatur, Kultur a Medien: D’Studente léieren déi 3-sproocheg Lëtzebuerger Literatur an d’Lëtzebuerger Literaturgeschicht kennen. E ganz spezielle Fokus gëtt dobäi op Literatur a lëtzebuergescher Sprooch geluecht. Si kréien en Iwwerbléck iwwer d’Lëtzebuerger Kultur an d’Geschicht vun de Lëtzebuerger Medien. (20 Unitéiten, 6 ECTS) D’Formation continue 'Lëtzebuerger Sprooch a Kultur' ass säit 2009 duerch e Règlement Grand-Ducal vum Ministère de l’Education unerkannt. Studenten, déi d‘ Formation continue mat Succès ofschléissen, kënne beim Educatiounsministère en Agrément ufroen, fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch ze enseignéieren. |
Course directorContactProgramme at a glance
|