Master en Enseignement SecondaireDe Master en Enseignement Secondaire bereet d’Student*innen dorop vir, qualifizéiert Enseignante*ën am lëtzebuergesche Schoulsystem ze ginn. Ee Programm, fir zu Lëtzebuerg ënnerriichten ze kënnenDe Master en Enseignement Secondaire ass a véier Fachberäicher ënnerdeelt: De Programm riicht sech u Student*innen, déi e Bachelorofschloss an der Germanistik, Romanistik oder Mathematik hunn. Fir Luxemburgistik ze studéieren, ass e Bachelorofschloss an enger Philologie oder enger kulturwëssenschaftlecher Disziplin néideg. D’Student*inne wäerten hir Kenntnisser an de jeeweilegen Disziplinne verdéiwen an déi néideg Kompetenzen entwéckelen, fir am Secondaire ze enseignéieren. Fondéiert theoreetesch, praktesch a pedagogesch Kenntnisser opbauenNieft de Veranstaltungen an engem vun de véier Fachberäicher, bitt de Masterstudiegang Veranstaltungen an den Erzéiungswëssenschaften, der Bildungssoziologie an der Bildungspsychlogie. Sou bauen d’Student*innen déi néideg Fäegkeeten op, sech den Erausfuerderungen vum Léieren an Enseignéieren an engem multikulturellen a méisproochege Schoulsystem ze stellen. Dofir läit e besonnesche Fokus vum Masterprogramm op der Méisproochegkeet an der Multikulturalitéit, déi déi spezifesch Léiersituatioun zu Lëtzebuerg ausmaachen. D’Coursë ginn zesumme mat anere Masterprogrammer vun der Fakultéit fir Geeschteswëssenschaften, Erzéiungswëssenschaften a Sozialwëssenschaften (FHSE) an der Fakultéit fir Naturwëssenschaften, Technologien a Medezin (FSTM): organiséiert:
BeruffsméiglechkeetenD’Student*inne ginn op e Parcours als Enseignant*e am Secondaire zu Lëtzebuerg virbereet. D’Absolvent*inne kënne sech ausserdeem an en Doktoratsprogramm aschreiwen, fir en Doktorat an enger Doctoral school vun der Universitéit Lëtzebuerg ze kréien.
|
Course directorContactKontakt Ricarda Leidinger Study Programme Administrator -----------------------------
|