Share this article:
Published on Wednesday, 13 November 2013
An dëser „Amphi ouvert“ Konferenz, Dënschdes, den 26. November, wäert d'Christine Schiltz, Uni Lëtzebuerg, dës an aner Froe ronderëm d’Zuel 10 aus der Perspektiv vun der Entwécklungspsychologie an der Gehirfuerschung beliichten.
D’Zuelen an d'Rechne sinn ouni Zweiwel Basiselementer vun eiser mënschlecher Kultur a Gesellschaft. Mä wéi maache mer dat iwwerhaapt, fir Zuelen ze verstoen an domat ze rechnen? Mir wëssen haut, dass och d'Déieren a kleng Kanner Quantitéiten erfaassen an domat verschidden Aufgabe léise kënnen.
Awer wat genee „10“ wëllt heeschen, versti weder Déieren nach Puppelcher. Wéi léiere mir d’Bedeitung vun abstrakten Zuelebegrëffer, wéi der Zuel „10“? Wéi eng Roll spillen zum Beispill d’Fangere bei dësem Léierprozess an ass et gutt wann d’Kanner mat de Fangere rechnen? Firwat hu verschiddene Kanner an Erwuessener Problemer, fir d’Zuelebegrëffer ze verstoen an domat ze rechnen, oder wat ass „Dyscalculie“?
- - -
Wéini? Dënschdes, den 26. November 2013
Wou? Auditoire BS 0.01, Campus Lampertsbierg
Um wéivill Auer? 18 Auer
|