Home // University // News // Latest News // Widderhuelung vum Virtrag “D’méisproochegt Gehir” den 13. Februar

Widderhuelung vum Virtrag “D’méisproochegt Gehir” den 13. Februar

twitter linkedin facebook email this page
Published on Sunday, 02 February 2014

Well vill Leit dese Virtrag den 31. Januar wéinst Plazmangel net konnten lauschteren, hält d‘Prof. Pascale Engel den Virtrag nach eng Kéier, en Donneschdeg, den 13. Februar owes um 18 Auer 30 um Campus Walferdange vun der Uni, route de Diekirch, Walferdange, am Audimax (200 Sëtzplazen).

Ass et gutt e Kand méisproocheg ze erzéien? Wat sinn déi optimal Konditiounen, fir datt e Kand vollstänneg multilingual gëtt?

An dësem Virtrag aus der Série "Research for Lunch" vun der Uni gëtt de sougenannten « kognitive Virdeel » vun der Méisproochegkeet virgestallt an ett gëtt erklärt wéi sech d’Méisproochegkeet op d’Organisatioun vum Gehir auswierkt. Do eriwwer eraus ginn och méi praktesch Froe vun der méisproocheger Erzeiung diskutéiert.

Pascale Engel de Abreu ass assistant-professeur an der Psychologie. Si ass kognitiv Entwécklungspsychologin an interesséiert sech virun allem fir d’Entwécklung vu Sproochen a Léiere bei Kanner zu Lëtzebuerg.

Virtrag op Lëtzebuergesch. Eng Simultaniwwersetzung op Franséisch gëtt ugebueden.

Den Entrée ass fräi, Umellen as net néideg.

 

Foto: Pascal Engel de Abreu / © Michel Brumat